VoteMatch Europe ass e pedagogeschen Tool, mat deem d'Bierger iwwer d'Wale vum Europaparlament informéiert ginn. En erlaabt de Bierger hir national politesch Choixe mat deene vun de politesche Parteien an aneren EU-Länner ze vergläichen.
D'lokal Partner vum Projet VoteMatch Europe hunn eng Lëscht mat 16 Deklaratiounen iwwer verschidde Sujeten opgestallt. Dës Deklaratioune ginn an all de lokale Voting Advice Applikatioune benotzt, mat de lokalen Deklaratiounen.
De Projet VoteMatch Europe hänkt vun de lokale Partner an den EU-Memberstaaten of. Nëmmen d'Memberstaate mat Partner, déi matmaachen, sinn op VoteMatch Europe disponibel.
VoteMatch Europe a seng Partner engagéiere sech, d'Dateschutzproblemer ganz eescht ze huelen. D'Dateschutzerklärung vu votematch.eu informéiert all d'Benotzer iwwer wéi mir d'Privatsphär geréieren.
D'Haaptgrënnungsorganisatioun ass d'BPB, Bundeszentrale für politische Bildung. Den hollännesche Partner ProDemos - Huis voor democratie en rechtsstaat, ass um Projektmanagement bedeelegt. D'Goethe Institut huet d'Iwwersetzungen an d'Hëllef fir d'Promotioun vum Tool bereetgestallt.
VoteMatch Europe informéiert d'Bierger iwwer d'Wale vum Europaparlament a weist d'Differenze vun de Programmer vun de Parteien an de verschiddene Länner. Et ass kee wëssenschaftlechen Tool. Déi ugewise Resultater sollen als Ureegung ugesi ginn, fir dem Wieler bei sengen eegene Recherchë fir en opgekläerte Vott ze hëllefen.